Startsäit Kalenner
Kalenner PDF Print E-mail

D'PS-Weekender am LGS-Joer 2011 / 2012

------------------------------------------------------

Déi 4 PS-Weekender orientéiere sech un engem bestëmmten Thema.
D'PS-WEer zu Bilschdrëf, um Neihäischen an zu Réiser dauere vu samschdes 17.00 Auer bis sonndes 17.00 Auer.
Beim kierperlech méi ustrengende Nuets-WE si mir d'ganz Nuecht a klenge Gruppen ënnerwee. Well mir dotëscht net schlofe ginn, dauert e just vu samschdes 19.00 Auer bis sonndes moies 7.00 Auer.

  • 14-15/01/2012       Perséinlech-spirituelle Weekend 1                     Réiser
  • 11-12/02/2012       Perséinlech-spirituelle Weekend 2                     Neihaischen
  • 10-11/03/2012       Perséinlech-spirituelle Weekend 3                     Bilschdrëf
  • 16-17/06/2012       Perséinlech-spirituellen Nuetsweekend              Ettelbréck
  • 08-09/09/2012       Perséinlech-spirituelle Weekend 5                     Bilschdrëf

NEI als Ersatz fir 1-3, falls een keng Zäit kritt oder een vun deene anere Weekender aus Mangel u Kandidate ausfällt!!!

 

Aner Méiglechkeete vu PS-Formatioun am Joer 2011 / 2012:

------------------------------------------------------

D'Aktivitéite mat engem * ginn no Ofsprooch mam Responsabel vun der PS-Formatioun duerch eng inhaltlesch Form vu Mataarbecht unerkannt (also fréi genuch mellen !):

  • 15/12/2011 Friddensliichtfeier: * gëtt zesumme mat engem LGS-Grupp organiséiert (Umelle bis 01.10.2011).
  • 24-25/03/2012 Reliéise Weekend
  • 28/04/2012 Veillée / Pélé des Jeunes: * zesumme mat enger LGS-Trupp gëtt eng thematesch Veillée um Virowend vum Pélé organiséiert; moies fréi geet et dann zu Fouss an d’Pélésmass.
  • 29/04/2012 Mass / Pélé des Jeunes: * Mataarbecht bei der Pélés-Mass. Hei ass déi aktiv Partizipatioun bei der Virbereedung (eng Rei Owender virum Pélé) an Duerchféierung vun der Pélés-Mass gefrot.
  • 28-29/06/2012 Route d'Echternach: zesumme mat der Jugendpastoral gëtt eng thematesch Veillée um Virowend vun der Sprangprëssëssioun organiséiert; moies fréi geet et zu Fouss weider op d'Iechternacher Sprangprëssëssioun.

N.B.: An Ausnamefäll kënnen och nach aner Aktivitéiten als PS-Formatioun ugerechent ginn. Am Prinzip muss virun der Aktivitéit gefrot ginn, ob si als PS-Formatioun ugerechent gëtt. Wann s du Froen hues, zéck net fir beim PS-Responsabel Daniela Steil an der LGS-Zentral nozefroen (Tel. 26 94 84 25; This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it )

Last Updated on Thursday, 22 September 2011 18:44